top of page
Coaching ob lëtzebuergesch
Mir wëllen Iech Är Sich no engem lëtzebuergesch-sproochegen, zertifiéierte Coach vereinfachen.
Mir wëlle vun Iech séier an einfach fonnt ginn, well mir wëssen, dass et net vill Coache gëtt zu Lëtzebuerg mat deenen Dir Iech an Ärer Mammesprooch kënnt ënnerhalen.
Mir sinn dervun iwwerzeegt, dass et fir vill Leit méi einfach ass, sech an hirer Mammesprooch auszedrécken, virun allem wärend engem Gespréich an deem dach awer heiansdo méi déif Gedanke beschwat gi.

Mir sinn dovunner iwwerzeegt dass all Mënsch d'Kapazitéiten an d'Recht huet, dat a sengen Aen bescht Liewen ze liewen.
bottom of page