Hei fann der all Coachen déi bei ärecoach.lu matmaachen. All Coach huet seng Spezifizitéiten a fir méi Informatiounen iwwert deen Coach deen iech interesséiert, klickt ob sein Lien fir op seng Websäit ze goen. *

Diederich, Michèle
Fräiheetscoach
‘D’Fräiheet vum Mënsch läit net doran, dass hie maache ka wat hie wëll, mee doran, dass hie net maache muss wat hie net wëll.’ (J.J. Rousseau)
Mat dësem Grondsaz begleeden ech Eech
- un Är eegen Zieler,
- duerch déifgräifend Situatiounen,
- bei Erausfuerderungen,…
Ech weisen Eech wéi Dir äre Challengë méi bewosst a méi entspaant begéint, wéi Dir se selwer dirigéiert a mat Succès derduerch gitt.

Houwen, Marco
Journey Coach fir Senior Executives a Leaders
Meng Missioun ass et fir Iech der bäi ze ennerstetzen ärt perséinlech Bewosstsinn an är Routinen ze stärken an och Är Effektivitéit an Ärem professionellen Ëmfeld ob deen nächsten Niveau ze hiewen.
Mein Roll ass et Iech derbei ze ennerstetzen Äert perseinlecht Potential ze notzen an Aer perseinlech Balance an ärem Liewen ze fannen.
Fir méi iwwert meng Coaching Philosophie an mein beruflechen Werdegang gewuehr ze gin, klickt hei drenner ob meng Linkedin Säit

Theissen, Robert
Professionelle Coach, ICN zertifizéiert
Ech sinn Coach, Mentor a Formateur, spezialiséiert an den Themen :
• Leadership & Management
• Verännerung & Zäitmanagement
• Kommunikatioun & Widderstänn
• Resilienz
• Bewosstsinn & Energie
Mäin Usaatz ass et meng Clienten um Wee zu enger erweiderter Selbst-wahrnehmung, zu enger méi héicher Autonomie an eegener Effizienz ze begleeden.
Ech ënnerstëtze meng Clienten dobäi hier Zieler eegestänneg ausschaffen ze kennen esou ewéi am Kontext vun hirer Zilsetzung déi entspriechend ëmsetzbar Léisungen ze fannen.
Grondsätz vir een erfollegräiche Coaching Prozess sinn eng absolut Vertrauensbasis mam Client an säin erkläerte Wellen zur Verännerung.
Vir méi iwwer meng beruffleche Karriär gewuer ze ginn, klickt hei drënner ob meng Linkedin Säit

Hansen, Christine
Business Coach fir Online Business'en
Dir wëllt äre Business och online ubidden oder dir hutt schonn en online Business mee kommt net richteg weider?
Di online Welt ass eppes ganz anescht wéi dat wat mer an der Schoul oder op der Aarbecht geléiert hunn an oft kënnt et da fir dass de Business dann op eemol méi zur Laascht a Frustratioun gëtt ewéi Freed a finanziell Fräiheet.
Ech hëllefe genau do. Ech hu selwer 2 erfollegräich Entreprisen online an ech hëllefe Leit hier online Entreprise esou opzestellen dass se éischtens Succès huet an 2. och ka wuessen. Heiansdo hu meng Client'en och schonn 2-3 Joer online geschafft mee hänken elo. Ech hëllefen dann en Audit ze maache fir dass de Wuesstem ka mat Effizienz weidergoen ouni dass de Betrib seng Séil verléiert.

Kinsch, Stephan
Coach - Clown
Du bass däin eegenen Patron oder Responsabel vun enger Equipe an enger klenger oder grousser Organisatioun?
Du hues eppes ze soen, sief et bei der Ëmsetzung vun Projeten, Leedung vun Reuniounen, Delegatioun vun Tâchen, virun Leit ze schwätzen, Negociatiounen, Organisatioun vun Successiounen, Gespréicher mat Mataarbechter, Stress, Drock, Léisen vun Konflikter ...
Ech hëllefen Dir an denger Equipe, Ofstand ze huelen, eng onofhängeg Vue kréien, Energie erëmzefannen an nei Kompetenzen ze entwéckelen.
Als Patron hunn ech geleiert Spaass um Féieren ze hunn an eng Visioun ze entwéckelen.
Als Coach hunn ech geleiert déi richteg Froen ze stellen.
Als Clown hunn ech geleiert Situatiounen ze dedramatiséieren.
Ech offréieren Iech déi éischt Seance, an freeën mech drop Iech kennenzeléieren.

Thyes, Josée | ICN Bs
Zertifiéierten Coach | Mental Fitness PQ Coach
Ech proposéieren iech eng perséinlech Begleedung fir dass dir är Solutiounen zu ären Erausfuederungen fannen kennt sief dann am privaten oder professionellen Liéven. Eng Begleedung ob ärem Wee fir äert vollt Potential ze entwéckelen am Aklang mat ären Wäerter. Als Specificitéit bidden ech un en innovativen Coaching mat engem Hond ënner anerem an der Natur, deen dozou bäidréit iech mat der Natur an iech selwer verbannen ze kennen. Ech proposéieren och a mentalen Fitness Programme combinéiert mat enger perséinlecher Begleedung.
Fir méi iwwert mäin berufflechen Wee gewuer ze gi, klickt hei drënner ob meng Linkedin Säit.

Hoenck, Lilly
Zertifizéierten Coach mat den Themen Resilienz; Kommunikatioun, Leadership & Teamentwëcklung
Selbstänneg seit 2012 mat MindCare Sarl.
30 Beruffserfahrung am Finanz-Secteur (Projets, HR, Leadership, Prozessoptiméirung, Organisatiounsberôdung)
Joergang 1960, bestued, 2 erwuessen Jongen
Trainerin fir gewaltfrei Kommunikatioun, Heilpraktikerin Psychotherapie, REISS-Profile-Master & 9Levels-Berôderin

Oberlin, Marilène
Vertrauen an Liewens Coach
Ech ënnerstëtzen Iech Vertrauen an d'Liewen an an Iech selwer opzebauen.
Zesummen léise mir d'Musteren an d'Glawenssätz op déi Iech hënneren äert Potenzial auszeliewen.
Duerch eng Rei Methoden, wéi Meditation, ThetaHealing® an Human Design, ënnerstëtzen ech Iech bei der Entdeckung vun ären Talenter, sou dass dir Schëpfer vun ärem eegenen Liewen gitt.
* ärecoach.lu iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir är eventuell Relatioun mat engem Coach, all Kontrakter gi direkt tëscht dem Coach an dem Client geschloss. De Roll vun ärecoach.lu limitéiert sech just ob den Roll vun engem Annuaire. D'Reiefolleg an deem d'Coachen hei presentéiert sinn ass alphabetesch.