Wat ass Coaching?
Coaching ass eng Begleedung, vun enger oder méi gecoachte Persounen, duerch een zertifiéierte Coach. Coaching hëlleft der gecoachter Persoun hir professionell oder privat Ziler ze erreechen. Dës Ziler kënne konkret oder abstrakt sinn, wéi zum Beispill d’Verbesserung vum Selbstvertrauen, eng besser Resistenz géint Stress oder en Acceptéieren vu Verännerungen.
Déi gecoachte Persoun setzt sech selwer an den Zentrum vun hirem (eegene) Coaching wou si den Haaptacteur ass.
​
“ Coaching ass eng Aart a Weis fir eng Persoun ze ënnerstëtzen hir eege Solutiounen zu hirem Challenge (hirer Erausfuerderung, hirem Probleem) ze fannen”.
Des Erklärung ass inspiréiert vun den Schrëften vum Socrates, deen duergestallt gëtt als de Papp vun der Maïeutique.

Wéi verleeft e Coaching Gespréich?
​
Coaching ass eng Serie vun individuelle Gespréicher tëschent dem Coach an enger individueller Persoun, oder eng Serie vun kollektive Versammlungen tëschend enger Equipe oder engem Grupp vun Persounen an dem Coach. An dësem Fall gëtt u kollektiven Ziler geschafft.
E Coaching Gespréich kann am Face-à-Face oder iwwer Videokonferenz organiséiert ginn.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Psychotherapie a Coaching?
Psychotherapie hëlleft Leit, déi an hirem Alldag net méi kënnen normal funktionéieren, zu engem funktionelle Liewen zréck.
Coaching hëlleft Leit déi an hirem Alldag funktionéieren, awer d’Bedierfnes hunn, sech perséinlech ze verbesseren, zu engem, fir si, bessere Liewensgefill.
​
Coaching ënnerstëtzt Mënschen um Wee zu hirem definéierten Zil - woubäi de Coachee seng eegen Decisiounen trëfft a seng eege Léisungen fënnt an dat mat Ënnerstëtzung vum Coach.
De Schwéierpunkt läit ganz kloer um Begleeden a manner um Féieren.
​
Therapie féiert Mënschen duerch schwiereg a belaaschtend Situatiounen, fir dass si mental erëm méi staark ginn. Hei läit de Schwéierpunkt op dem Féieren a manner op dem Begleeden. D'Methoden an d‘ Approche sinn ënnerschiddlech.

Mir sinn dovunner iwwerzeegt dass all Mënsch d'Kapazitéiten an d'Recht huet, dat a sengen Aen bescht Liewen ze liewen.