top of page

Wie si mir?

IMG_1399 (1).jpeg

ärecoach.lu ass en informellen Zesummeschloss vu professionelle Coache matt der Zilsetzung de Coaching an der Mammesprooch ze promovéieren a fir d’Diversitéit vun den Coaching Methoden an Approchen ze sensibiliséieren.

 

Beim Duerchbliederen vun dësem digitalen Annuaire fannt Dir an alphabetescher Reiefolleg d’Nimm, d’Profiller, d’Spezifitéiten an d’Kontaktdetailler vun den Coachen, déi sech der Initiatif „ärecoach.lu“ ugeschloss hunn an op lëtzebuergesch intervenéieren.

 

Dëse Reseau ass net statesch an erweidert sech kontinuéierlech. Dir sidd wëllkomm den Annuaire heiansdo ze consultéieren an nei Membere kennen ze léieren.

Mir sinn dovunner iwwerzeegt, dass all Mënsch d'Kapazitéiten an d'Recht huet, dat a sengen Ae bescht Liewen ze liewen.

bottom of page